Dat heiten ass een Deel vun eiser aktiver Pompjeeséquipe.
Mir hunn am ganzen 53 Memberen déi aus 24 Jugendpompjeeën (8-16 Joer), 26 aktiven Memberen (16-65 Joer) an 3 inaktiven Memberen (>65 Joer) bestinn.
Säit Ufank 2011 gëtt eisen Corps vun eisem "Chef de Corps" Charel Hermes geleet.
Ënnerstetzt gëtt heen säit Oktober 2017 duerch den Raymond Geller als säin Stellvertriéder.
Weider Posten am Comité se besat mam Romain Bache als Sekretär a Jugendleeder, dem Gérard Georg als Keessier, dem Mike Wagner als Jugendleeder adj. an de Memberen Patrick DaSilva Pinto an Paul Schiltz.
Niewent den Dierfer Reisduerf, Héisduerf, Bigelbaach an Wallenduerf-Bréck, si mir am Brandfall, engem Accident oder soss enger Noutsituatioun och nach vir déi däitsch Uertschaft "Wallendorf" matt zoustänneg.
Eist Asazgebitt ass iwwer 14,84 km2 grouss an dat bäi 1202 Awunner.