21/10 - 22/10/2017
Gemeinschaftsübung iwwer 24 Stonnen vun de Jugendpompjeeën
vu Reisduerf, Beefort a Konsduerf
29/04/2017 - 01/05/2017
Besuch bei der Freiwilligen Feuerwehr Neckarzimern
Op Aluedung vun der „Freiwilligen Feuerwehr Neckarzimmern“ waren mir mat enger Delegatioun vun 8 Mann um Weekend vum 29/04 bis den 01/05/2017 op d’Fahrzeugweihe vun hirem neien HLF10.
Nodeems mir um Samsdegnomëtteg ugereest waren, konnten mir dat neit Gefier matt Rosenbauer-Opbau op engem Mercedes-Chassis bewonneren.
Owes haten mir Rendez-vous mat hinnen fir eis Erliefnisser aus deenen letzten annerhallwen Jaaren, säit hirer letzter Visite bäi eis, auszetauschen.
Sonndesmoies dann, goung ët op Neckarsulm an „Zweirad- und NSU-Museum“.
Nom Mettegeeseen an enger Visite vun der „Burg Hornberg“ goung ët dann, am Gala, zréck bäi hiren Bau wou ët an enger feierlicher Zeremonie zur offiziellen Iwwergab mat Seenung vun hirem neien HLF koum.
Um Enn vun engem uschléissenden „Tanz in den Mai“-Fest, goung ët no enger weiderer Iwwernuechtung nees zréck op Reisduerf.
Nët ze vergeessen awer, datt mir, op dëser Visite, och si op d'Aweiung vun eisem MZF & TSA, den 17. Juni hei zu Reisduerf invitéiert hunn.