Jugendpompjeeën vum CIS Reisdorf

 

D'Jugend ass e wichtege Bestanddeel vum CIS (Centre d'Incendie et de Secours). Och zu Reisduerf hu mir aktiv Jugendpompjeeën, an där Kanner op spillerescher an altersgerechter Aart un d'Aarbechte vun de Pompjeeën erugefouert ginn. 

 

Aktuell zielt eis Unitéit 20 Jugendpompjeeën (Stand: 31/12/2025). Si gi bei eis duerch eise "Chef d'Unité Jeunes Pompiers" de Gonçalves Dias Micael, betreit an op hire spéidere Wiessel bei déi "grouss" Pompjeeë virbereet. Mat 16 Joer kënnen d'Jugendpompjeeën an den operationellen Déngscht wiesselen.

 

Ass äert Kand tëscht 8 a 16 Joer an interesséiert Jugendpompjee ze ginn oder wëllt et sech dat einfach emol ukucken? Da kënnt dir eis gäre kontaktéieren, mir ginn iech all néideg Informatiounen.

Kontaktéiert eis !

E-Mail Jugend: [email protected]